504 View(s)
„De Virsprong opp Platz 5 ausbauen“  Basketlux.lu Interview mam Jean Kox

„De Virsprong opp Platz 5 ausbauen“ Basketlux.lu Interview mam Jean Kox

„De Virsprong opp Platz 5 ausbauen“

Basketlux.lu: Dir spillt de Weekend géint Contern, wou der am Himätch duerch een Comeback am 4. Veirel gewonnen hutt. Denkt d'Ekipp nach zeréck un dee Mätch, well seitdem hu der kee Mätch méi verluer?



Dee Match huet fir eis keng Bedeitung. Fir Zuschauer war et natierlech e flotte Match, mir hunn eis awer dee ganze Match gequält a net iwwerzeegt. Wou mer dunn trotzdem nach gewonnen hunn, war eis kloer ginn wat mer musse maache fir ze wannen. Eis Rollen hu mer endlech verstan. Dei hu missen néi verdeelt ginn (well eise PG an Kapitän - Laurent Schwartz - verletzt ass). Mee usech war et eng Fro vun der Zäit bis mer déi ufänglech Schwieregkeete geléist hunn. An deem Fall ass et eben bei Contern ugaang.



Basketlux.lu: Wei wichteg ass et fir d'Musel Pikes, déi 1. Platz an der Tabell ze verteidegen virum Optakt vun der Titelgrupp?



D'Platz am Generellen interesséiert eis net. Mir pobéiren sou vill Punkten tëscht eis an deem 5. ze maachen. Och wann d'Matcher am Moment nach ëmmer just en hallwe Punkt wäert sinn, kenne mer eis vlait schonn en Ecart maachen.