674 View(s)
1:0 fir d’Pikes-Dammen

1:0 fir d’Pikes-Dammen

Optimal huet fir d’Musel Pikes d’Woch vun den Halleffinallen ugefaangen. Zu Contern hunn d’Pikes-Dammen en Dënschdeg den Owend 68:55 géint den AB Contern gewonnen.



Dem Jacques Sitz seng Equipe huet besonnesch an der zweeter Halschent eng ganz souverän Leeschtung gewisen. Am leschte Véierel waren d’Pikes ee Moment 20 Punkte vir, Contern huet dee Moment kee Fouss méi op de Buedem kritt.



Entscheedend war och, datt de Pikes hir zwou Amerikanerinnen däitlech méi aktiv waren wéi déi zwou Auslännerinne vu Contern. D’Shay Winton an d’Akilah Bethel hunn zesummen 42 Punkte geschoss – déi zwou Conterner Auslännerinne koume just op 28 Punkten. Gutt getraff hu bei de Pikes och nach d’Carole Sitz (12 Punkten) an d’Cathy Schmit (10).



Domat steet et am „Best of Three“ 1:0 fir d’Musel Pikes. Déi zweet – an eventuell schonn entscheedend – Halleffinall fänkt e Sonndeg, 23. Abrëll um 18 Auer zu Stadbriedemes un.