418 View(s)
89:79 an 89:78: Pikes-Dammen a Pikes-Häre wanne géint d‘Sparta

89:79 an 89:78: Pikes-Dammen a Pikes-Häre wanne géint d‘Sparta

34:20! Mat dësem Resultat hunn d’Pikes-Hären e Samschdeg zu Bartréng den zweete Véierel am Match géint d’Sparta gewonnen – an domatt de Grondsteen fir eng weider Victoire an der Qualifikatioun geluet.



D’Sparta war eng Puets besser an de Match komm, mee zum Schluss vum éischte Véierel hunn d’Pikes dunn d’Heft an d’Hand geholl an d’Féierung – déi war ee Moment esouguer op 22 Punkte geklomm – bis zum Schluss nët méi ofginn.



D’Sparta huet wuel den drëtten an de véierte Véierel fir sech entscheed, allerdéngs hunn d’Pikes ëmmer e Virsprong vu ronn zeng Punkte gehat. Do huet näischt gewibbelt an zum Schluss stung et 89:78.

Topscorer e Samschdeg waren de Jarmar Gulley (26 Punkten), de Clancy Rugg (24 Punkten), de Laurent Schwartz (11 Punkten) an den Tom Welter (och 11 Punkten). Vill gespillt hunn am Match géint d’Sparta och Jonker wéi de Raphaël Martin an den Tom Schomer.



Gudd aus der Wanterpaus sinn och d’Pikes-Damme komm. Si hunn de Match géint d’Sparta mat 89:79 gewonnen. Allerdéngs war et en haart Stéck Arbécht – 5 Minutte Verlängerung inklusive. Dozou muss een awer wëssen, datt d’Pikes ouni d’Magaly Meynadier an ouni d‘ Mia Pauly a mat nëmmen enger Amerikanerin gespillt hunn. D’Hope Elam huet viru kurzem nämlech matgedeelt, datt hatt nët aus der Wanterpaus an Amerika op Briedemes zréckkënnt.



E Samschdeg hunn op Pikes-Säit 4 Spillerinne méi wéi 10 Punkte gemat: d’Erica Barnes der 26, d’Cathy Schmit der 24, d’Myrielle Platte der 12 an d’Carole Sitz der 11.



Den nächste Weekend geet et mat engem duebele Spilldag weider. Schon e Freideg spillen d’Pikes zu Briedemes géint Contern (Hären 18.45 Auer; Dammen 20.45 Auer). E Sonndeg da fueren d’Pikes-Hären op Hiefenech (Ufank 17 Auer), d’Pikes-Damme spillen och e Sonndeg um Holleschbierg géint Hesper (18 Auer).