1003 View(s)
Bescht Stëmmung zu Briedemes

Bescht Stëmmung zu Briedemes

Um éischten Dag vun der Fuesvakanz hunn zu Briedemes déi zwou éischt Pikes-Ekippen e Samschdeg fir bescht Stëmmung gesuergt. Fir d’éischt hunn d’Pikes-Damme mat 84:72 géint Ettelbréck gewonnen, duerno hunn d’Pikes-Hären et den Dammen nogemaacht. An hirem Match och géint Ettelbréck stoung no 40 Minutten en 86:78 op der Tafel.



Dobäi muss ee wëssen, datt fir d’Pikes-Dammen a fir d’Pikes-Hären d’Matcher guer net optimal ugefaangen hunn. Bei den Dammen si just sechs Spillerinnen agesat ginn – d’Laure Diederich an d’Irina Mazjoukhina si verletzt, d’Tina Fehlen war am Ausland. A bei den Hären hu mam Clancy Rugg an dem Christophe Donnersbach och zwou etabléiert Stammkräften net kënne spillen.



Genee geholl war den Damme-Match eng iwwerraschend kloer Saach. Schonn an der Paus waren d’Pikes mat 47:30 vir. D’Pikes hu just dee leschte Véierel verluer (19:26) – du huet ee gemierkt, datt d’Kraaft e bëssen nogelooss huet. Ëmmerhi véier Spillerinnen hunn e Samschdeg méi wéi 10 Punkte gemaat: d’Cathy Schmit (20), d’Shay Winton (20), d’Akilah Bethel (18) an d’Carole Sitz (16).



E bëssen iwwerraschend war et och, op wéi eng souverän Manéier d’Pikes-Hären an hirem Match den Ausfall vum Clancy Rugg kompenséiert hunn. De Joe Kalmes huet e Samschdeg de Clancy ersat an – nees eng Kéier – eng iwwerzeegend Leeschtung ofgeliwwert. Net nëmmen an der Défense! De Joe huet e Samschdeg ëmmerhi fënnef Dräier geschoss! E gudde Laf hat och – nees eng Kéier – den Tom Schomer mat 10 Punkten a 16 Minutte Spillzäit.



Iwwregens waren d’Pikes e Samschdeg vun der éischter bis déi läscht Minutt vir. An et hat ee wierklech keng Minutt d’Impressioun, datt déi Ettelbrécker dee Match kéinten dréien. Op där enger Säit huet bei hinnen den Nelson Delgado gefehlt, op där anerer Säit war et schonn erstaunlech, datt si net méi aus hirer Rebond-Dominanz gemaat hunn.



Bescht Scorer bei de Pikes waren e Samschdeg den Jarmar Gulley (22), de Jean Kox (17), de Joe Kalmes (16) an den Tom Schomer (10).



Den nächste Weekend geet et mat zwee echte Spëtzematcher weider. Zu Briedemes spillen d’Pikes e Samschdeg, de 25. Februar géint d’Amicale. D’Dammen um 18.30 Auer, d’Hären um 20.30 Auer.