582 View(s)
Clancy Rugg 31, Tom Welter 25 Punkten

Clancy Rugg 31, Tom Welter 25 Punkten

Och am zweete Match vun der Playoff-Ronn hunn d’Pikes näischt ubrenne gelooss. No 40 Minute stung et zu Esch 82:95 – fir d‘Pikes!



Wichteg as awer nët nëmmen dat plakegt Resultat, wichteg war och d’Manéier wéi d’Pikes dese Match gewonnen hunn. Vun exakt 20 Sekonnen ofgesinn, louche si de ganzen Zäit a Féierung – mat bis zu 17 Punkten. Och wann Esch am drëtte Véierel eng Kéier bis op 5 Punkten erukomm war – et hat een nie den Androck, wéi wann d’Pikes an dësem Match eescht Problemer kéinte kréien.



Am Match virun enger Woch géint Ettelbréck hate virun allem den Jarmar Gulley an de Laurent Schwartz fir vill Punkte gesuergt (zesumme koume si op 66 Punkten). Am Match e Samschdeg zu Esch hunn de Clancy Rugg (31 Punkten) an den Tom Welter (25 Punkten) des Roll iwwerholl an domatt neess eng Kéier bewisen, wéi ausgeglach d’Pikes dest Joer personalméisseg opgestallt sinn. E gudde Laaf haten e Samschdeg och nach den Jarmar Gulley mat 18 an de Jean Kox mat 11 Punkten.



Am Géigesatz zu de Hären haten d’Pikes-Dammen an hirem Match géint Esch méi oder manner vill Pech. No ronn 28 Minutte waren sie nach 15 Punkte vir. Trotzdem as et Esch gelongen, de Match ze dréihen an eng Verlängerung erauszehuelen. An däer hunn d’Pikes du knapps verluer. No 45 Minutte stung et 76:74.



Op den Tribünen as e Samschdeg no deem Match vill iwwer den Arbitrage a vill iwwer d’Leeschtunge vun den Amerikanerinne vun de Pikes diskutéiert ginn. D’Kayla Woodward an d’Erica Barnes hunn 20 bzw. 18 Punkte geschoss.



Déi nächst Matcher: D’Pikes-Häre spillen e Samschdeg, 20. Februar um 20.30 Auer zu Briedemes géint d’Sparta Bartréng. D’Pikes-Damme spillen hiren nächste Match e Sonndeg, 28. Februar um 16 Auer zu Briedemes géint Contern.