838 View(s)
Clancy Rugg mat 41 Punkten

Clancy Rugg mat 41 Punkten

84:59 stoung et e Samschdeg véier Minutte viru Schluss am Match tëschent der Fiels an de Musel Pikes. Dat war de Moment, an deem och de Clancy Rugg ausgewiesselt ginn ass: A 36 Minutten um Terrain hat hien déi Klengegkeet vun 41 Punkte gemat. An deene véier Matcher, déi e Samschdeg den Owend gespillt gi sinn, war dat deen absolute Rekord. Derbäi koum fir de Clancy wéinst 10 Rebondën och nach en Double-Double.



No dem Coupe-Match en Donneschdeg géint de Gréngewald war och de Championnats-Match e Samschdeg géint Arantia eng zimlech leger a kloer Saach. No nëmme sechs Minutte waren d’Pikes mat 19:2 vir – de Match war dee Moment schonn esou gutt wéi entscheet. D’Pikes hunn déi dräi éischt Véierele gewonnen a si hunn et just an deene leschten zéng Minutten eppes méi roueg lafe gelooss.



Déi meeschte Punkten hunn e Samschdeg de Clancy Rugg (41) an den Jarmar Gulley (21) geschoss. Gutt gescort hunn och nach den Tom Welter (8) an de Jean Kox (6). Hei gouf et allerdéngs eng Differenz tëschent de Live-Statistiken an den Infoen an der Hal selwer.



An deene leschte Wochen hunn d’Pikes elo zéng Matcher hannerenee gewonnen: acht am Championnat an zwee an der Coupe. An der Tabelle bleiwen si op der éischter Plaz.



Dee leschte Match virun der Chrëschtdags-Paus ass e Freideg, 23. Dezember zu Briedemes an der Hal. Um 20.45 Auer spillen d’Pikes da géint Esch. Dee selwechten Owend spillen och d’Dammen zu Briedemes géint Esch; Ufank: 18.45 Auer.