549 View(s)
Contern-Pikes: Eng kloer an eng manner kloer Saach

Contern-Pikes: Eng kloer an eng manner kloer Saach

Fir d’Musel Pikes ass den Owend an der Hal zu Contern perfekt ugaangen. D’Pikes-Dammen hunn nämlech hire Match e Samschdeg, de 7. Januar 2017 géint Contern 57:45 gewonnen. Dat war schonn eng kleng Iwwerraschung, och well et de Pikes gelongen ass, Contern 40 Minutte laang aus dem Spill ze huelen. Den Ënnerscheed tëschent deenen zwou Ekippe war vill méi däitlech wéi d’Endresultat et ausweist.



Zu engem gudden Deel as déi Victoire op de Retour vum Shay Winton zréckzeféieren. Déi al-nei Amerikanerin vun de Pikes huet an hirem éischte Match an deser Saison direkt iwwerzeegt an 23 Punkte gemat. Et muss een awer och wëssen, datt e Samschdeg d’Carole Sitz net derbäi war an datt d’Tina Fehlen weiderhi verletzt ass.



Niewent dem Shay Winton hu bei de Pikes och nach d’Cathy Schmit (15 Punkten) an d’Akilah Bethel (13) gutt gescort. Vill Spillzäit hunn och jonk Spillerinne wéi d’Sarah Gruskovnjak, d’Laura Mreches an d’Noémie Goosens kritt. An eng weider Kéier huet och d’Irinia Mazjoukhina fir Stabilitéit gesuergt.



PIKES-HÄRE WANNEN IN EXTREMIS



Eppes ass sécher: D’Pikes-Hären hunn an deene leschte Woche scho méi schéi Matcher gespillt – seelen awer een, dee bis an déi läscht Sekonnen esou spannend war. No 40 Minutte stung et 70:67 fir d’Pikes. Mat „Ach und Krach“ (Zitat vum Jean Kox aus engem Radios-Interview) hu si de Match dach nach gewonnen.



Wéi enk déi ganz Affär war, weisen och d’Statistiken: An deene 40 Minutte huet d’Féierung ëmmerhi 15-Mol geännert. Contern war ni méi wéi 7, d’Pikes ni méi wéi 5 Punkte vir.



Och wann den Jarmar Gulley ganz kuerz viru Schluss dräi Fräiwerf net am Kuerf ënnerbruet huet, war hien nees eng Kéier dee Spiller, op dee Verlooss war. Zum Schluss hat den Jarmar 35 Punkten op sengem Kont, also genee d’Halschent vun alle Pikes-Punkten. 17 Punkten huet och nach de Clancy Rugg bäigesteiert, deen eng weider Kéier en Double-Double a senger perséinlecher Statistik stoen hat: Bei seng 17 Punkte koumen och nach 14 Rebondën.



Weider geet et den nächste Weekend mat engem duebele Spilldag. E Freideg spillen déi zwou Pikes-Ekippen doheem géint Etzella Ettelbréck. D’Matcher fänken um 18.45 Auer (Dammen) bzw. um 20.45 Auer (Hären) un. E Sonndeg spillen d’Pikes-Hären um 17.30 Auer zu Bartreng géint d’Sparta, d’Pikes-Damme sinn e Sonndeg spillfräi.