430 View(s)
Coupe-Finallen: Filles Scolaires gewannen, Fillette verléieren

Coupe-Finallen: Filles Scolaires gewannen, Fillette verléieren

D’Filles Scolaires vun de Musel Pikes hunn den 20. Mee an der Coque hir Coupe-Finall géint Walfer mat 47:45 gewonnen.



D’Resultat schwätzt fir sech: De Match war wirklech bis déi lescht Sekonn enk a spannend. Déi vum Carole a Jacques Sitz trainéiert Equipe huet enorm gekämpft a virun allem an der Defense gerackert.



Manner Gléck haten an hirer Coupe-Finall awer d’Fillette vun de Musel Pikes. D’Equipe war ersatzgeschwächt an hat an der Finall géint Hiefenech keng richteg Chance. No véier mol siwe Minutte stoung et 44:29 fir Hiefenech.



Ganz flott war, datt immens vill Leit vun der Musel an de Gymnase komm waren, fir déi béid Pikes-Coupe-Finalisten ze ënnerstëtzen.