418 View(s)
Dammen an Häre wanne géint den T71

Dammen an Häre wanne géint den T71

Op eng ganz souverän an iwwerzeegend Manéier hunn d’Musel-Pikes-Hären e Samschdeg den Owend zu Briedemes géint den T71 Diddeleng gewonnen. No 40 Minutte stoung et 84:69. No enger ausgeglachener éischter Halschent (37:34) hunn d’Pikes am drëtte Véierel déi Diddelenger an de Buedem gespillt an dee Véierel mat 31:18 gewonnen.



Obwuel d’Pikes bal de ganzen zweete Véierel ouni den Jarmar Gulley gespillt hunn – hien hat du schonn dräi Fehler – konnt Diddeleng sech net ofsetzen. Am Géigendeel: Am zweete Véierel hunn d’Pikes den Tom Schumacher, deen an deenen éischten zéng Minutte 14 Punkte geschoss hat, neutraliséiert.



No der Paus huet Diddeleng laang Minutte keen Zougrëff op d’Spill a kee Fouss méi op de Buedem kritt. En Diddelenger 10:0 am Ufank vum leschte Véierel huet um Gesamtverlaf vum Match näischt méi geännert – an deene leschte 5,5 Minutten hunn d’Pikes nämlech mat engem 14:4 geäntwert.



Bescht Scorer bei de Musel Pikes waren den Jarmar Gulley (25 Punkten), den Tom Welter (22), de Clancy Rugg (16) an de Jean Kox (11).



PIKES-DAMME WANNEN 61:58 GEINT DEN T71



E bësse méi Krämpes haten d’Pikes-Dammen an hirem Match géint déi Diddelenger. Si hunn déi éischt Halschent mat 25:33 verluer, wat virun allem op eng suboptimal Défense zréckzeféiere war. Doduerch konnt déi Diddelenger Amerikanerin, d’Samatha Guastella, an deenen éischten 20 Minutte ëmmerhi 26 Punkte maachen.



An der zweeter Halschent hunn d’Pikes méi rigoros verteidegt an iwwer dee Wee och de Match gedréit. D’Guastella ass nach just op 4 Punkte komm – bei de Pikes huet dee Moment endlech och d’Akilah Bettel de Wee Richtung Kuerf ageschloen: Seng 16 Punkten huet hatt alleguer am zweeten an am drëtte Véierel geschoss.



Am beschte getraff bei de Pikes hunn niewent dem Akilah Bethel nach d’Brielle Ward (14 Punkten), d’Cathy Schmit (10) an d’Carole Sitz. D’Brielle Ward huet géint den T71 awer och nach remarkabel 27 Rebondë gesammelt.



Fotoe vun deenen zwee Matcher fand Dir op der Facebook-Säit vun de Musel Pikes:

https://www.facebook.com/musel.pikes/