811 View(s)
Dat war Pech

Dat war Pech

Et gët verréckt an et gët ganz verréckt Basket-Matcher. Aus der Sicht vun de Pikes war deen e Samschdeg géint den T71 Diddeléng e ganz, ganz verréckten – leider mat schlechtem Änn fir d’Pikes.



No nëmme 4 Minutten louch den T71 mat 18:2 a Féierung. No 39,5 Minutten dunn waren d’Pikes mat 6 Punkte vir- an trotzdem huet den T71 et fäerdech bruet, zréckzekommen an an d’Verlängerung ze goen. Déi Verlängerung hunn déi Diddelénger du kloer fir sech entscheed. No 50 Minutte stung et 79:88.



No dem total verkorkstenen Ufank hunn d’Pikes Punkt fir Punkt opgeholl a gläichzäiteg eng ganz efficace Défense géint déi Diddelénger gespillt.



Fënnef Spiller vun de Pikes hunn an dësem Match méi wéi 10 Punkte gemat. Am bäschten huet den Jarmar Gulley (24 Punkte) getraff – dat nodeems hien d’ganz Woch krank war. Gudd gescort hunn ausserdem den Tom Welter (18), de Laurent Schwartz (11), de Clancy Rugg (11) an de Jean Kox (10 ). Manner gudd as et allerdéngs op der Fräiworf-Linn gelaf – vun 22 Fräiwerf sinn der just 11 eragang.



Den nächste Weekend as elo kee Match – wéienst der Coupe-Finale. D’Pikes-Häre spillen den iwwernächste Sonndeg, 20. Mäerz um 17.15 Auer zu Ettelbréck.



Op d’Pikes-Damme waart an 2 Wochen en duebele Spilldag. E Freideg, 18. Mäerz spillen si doheem géint den T71 (Ufank: 20.30 Auer), e Sonndeg, 20. Mäerz spillen si um 15.15 Auer zu Ettelbréck géint d’Etzella.



Hire Match zu Steesel géint d’Amicale hunn d’Pikes-Dammen e Samschdeg mat 42:68 verluer.