471 View(s)
Den Owend vun de leschte Véierelen

Den Owend vun de leschte Véierelen

Zéngmol huet e Freideg den Owend zu Briedemes am Match vun de Musel Pikes géint Etzella Ettelbréck d’Féierung gewiesselt. Mol waren d’Pikes 12, mol waren se 10 Punkte vir - ëmmer nees awer hunn déi Ettelbrécker et fäerdeg bruet bäizekommen. Besonnesch am drëtte Véierel waren d’Pikes nët ëmmer am Bild an duerfir huet et och net richteg verwonnert, datt et ganz am Ufank vum leschte Véierel op eng Kéier 70:72 stoung. D’Nervositéit an d’Spannung si geklommen.



Wéi scho méi wéi eng Kéier an dëser Saison hunn d’Pikes dunn awer an nëmmen e puer Minutte de Rhythmus ugezunn an ouni grouss Gedeessems de Sak zougemat. Tëschent der 32. an der 40. Minutt hunn d’Etzella-Spiller just nach moer sechs Punkte fäerdeg bruet, d’Pikes awer hu richteg opgedréit an aus alle Lage getraff. Zum Schluss stoung et iwwerraschenderweis 96:78, d’Pikes haten dee leschte Véierel mat 26:11 haushéich dominéiert. Domat hunn si den 12. Match hannertenee gewonnen.



Bäscht Scorer e Freideg waren de Clancy Rugg (30 Punkten), den Jarmar Gulley (29), de Christophe Donnersbach (11) an de Jean Kox (10). De Clancy an den Jarmar haten och nach en double-double mat 15 bzw. 12 Rebondën.



D’PIKES-DAMMEN HATEN ET VIRGEMAT



Net nëmmen am Härematch, och am Dammematch war et den Owend vum leschte Véierel. 30 Minutte laang as et tëschent de Pikes an der Etzella hin an hir gaangen, ugangs vum zweete Véierel waren déi Ettelbrécker esouguer 12 Punke vir (16:28). E puer Minutte laang huet et net gutt ausgesinn fir dem Jacques Sitz seng Ekipp. Allerdengs haten d’Pikes scho virun der Paus nees an d’Spur zréckfonnt – no 20 Minutte stoung et just nach 34:35.



Déi Ettelbrécker Dammen hunn och am drëtte Véierel nach monter matgespillt. Allerdéngs hu se du – genee wéi zwou Stonne méi spéit déi Ettelbrécker Hären – komplett de Fuedem verluer. D’Pikes hunn dee Véierel kloer mat 21:8 gewonnen an domat och de ganze Match gedréit – no 40 Minutte stoung et 69:59.



Déi zwou Amerikanerinne vun de Pikes – d’Shay Winton an d’Akilah Bethel – hu jee 22 Punkte geschoss. D’Cathy Schmitt huet mat 13 Punkten och nach gutt getraff.



D’Pikes-Damme sinn e Sonndeg spillfräi. D’Pikes-Hären spillen e Sonndeg, 15. Januar um 17.30 Auer zu Bartreng géint d’Sparta.