375 View(s)
Dräi normal Véierelen …

Dräi normal Véierelen …

No 40 Minutte war eppes kloer: Et muss een och emol e komplizéierten an net grad schéine Match wanne wéi deen e Samschdeg tëschent der Résidence an de Musel Pikes. Definitiv hunn d’Pikes eréischt an deene leschte Sekonnen de Sak zougemat. Géint 22 Auer stoung d’Schlussresultat fest: 68:74. Domat hunn d’Pikes elo aacht Matcher gewonnen – an d’Plaz an der Titelgrupp ass schonn esou gutt wéi sécher.



De Match e Samschdeg huet en zimlech normale Verlaf geholl. D’Pikes hunn deen éischte Saz mat 25:16 an deen zweete mat 17:13 gewonnen. Gemooss un deene leschte Woche war d’Resultat an der Halschent (42:29) an der Pikes-Norm. Dem Trainer Frank Baum seng Equipe huet och dee leschte Véierel gewonnen – mat 25:15. Tëschent der Halbzeit an deene leschten zéng Minutte louch allerdéngs nach den drëtte Véierel.



Wat genee an dësem drëtte Véierel geschitt ass oder net geschitt ass, huet sech am einfachsten um Resultat gewisen. Walfer huet e 24-7 op den Terrain gezaubert, an déi komfortabel Avance vun de Pikes ass geschmolt wéi de Schnéi an der Sonn. Kuerz virum Schluss vum drëtte Véierel war d’Résidence ee Moment esouguer 7 Punkte vir. Glécklecherweis sinn d’Pikes dunn am leschte Véierel awer nees zou sech komm. Mam bekannte gudden Ausgank.



Beschte Scorer bei de Pikes war och zu Walfer den Jarmar Gulley (26 Punkten). Méi wéi 10 Punkten hunn och nach de Clancy Rugg (19) an de Jean Kox (11) geschoss. Am Ganzen hunn d’Pikes an deem Match och nëmme sechs Dräier versenkt – am Verglach mat de Matcher aus deene leschte Wochen en niddrege Wäert an dëser Pikes-Spezial-Disziplin.



Den nächste Samschdeg, 10. Dezember, spillen d’Pikes um 20.30 Auer zu Briedemes géint den T71 Diddeleng