538 View(s)
E gudden Ufank an e gudde Schluss

E gudden Ufank an e gudde Schluss

Och ouni dee verletzte Clancy Rugg sinn d’Musel Pikes e Samschdeg den Owend zu Briedemes ganz gutt an de Spëtzematch vum drëtte Spilldag am Playoff erakomm. No 10 Minutte stoung et an deser Generalprouw vun der Coupe-Finale tëschent de Pikes an der Amicale 21:21.



Dunn hunn d’Pikes awer quasi vun enger Sekonn op déi aner de Fuedem verluer. D’Amicale huet aggressiv verteidegt, d’Pikes hu fir hir Verhältnesser aussergewéinlech schlecht getraff an d’Amicale ass ouni grouss Ustrengung fortgezunn. An der Paus louchen tëschent deenen zwou Ekippen scho 14 Punkten beim Stand vun 30:44.



Ugangs vum drëtte Véierel hunn dem Ken Diederich seng Spiller nach eng Schëpp bäigeluecht. Lues a lues hunn d’Pikes awer zréck fonnt an de Match. Obwuel den Jarmar Gulley an der 28. Minutt scho säi véierte Fehler gepaff krut, huet sech Steesel ëmmer méi schwéier gedoen. D’Pikes hu besser verteidegt a virun allem de Billy McDaniel huet manner getraff.



Et huet awer bis an dee leschte Véierel gedauert, bis dem Frank Baum seng Spiller nees voll am Bild waren. Op eng Kéier sinn och Dräier eragaangen an déi Steeseler Avance ass quasi am Sekonnen-Takt méi kleng ginn. Dräi Minutte viru Schluss waren d’Pikes bei 71:75 nees bäi.



Allerdéngs ass et géint Steesel dunn awer net duergaangen, fir de Match nach um leschte Meter ze dréien. Dat hat och dermat ze dinn, datt ausgerechent den Top-Scorer vum Match – den Jarmar Gulley huet 30 Punkte gemat – e Samschdeg bei de Fräiwerf geschwächelt huet. Soss wier et nach eng Kéier ganz enk ginn. Op jidde Fall huet Steesel an der Schlussphas vum Match gewackelt.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (30 Punkten), de Laurent Schwartz (14 Punkten), den Tom Welter (14 Punkten) an de Joe Kalmes (11 Punkten).



PIKES-DAMME VERLEIERE KLOER



Keng Chance haten e Samschdeg d’Pikes-Damme géint d’Amicale. Och wann den éischte Véierel nach eenegermoossen ausgeglach war (18:21), sinn dem Jacques Sitz seng Spillerinnen duerno ëmmer méi hefteg ënner d’Rieder vun der Amicale komm. No 40 Minutte stoung et 50:81. Den Ënnerscheed léisst sech virun allem un enger Statistik festmaachen: D’Shay Winton an d’Akilah Bethel vun de Pikes hunn zesumme 22 Punkte gemat, déi zwou Auslännerinne vun der Amicale awer koumen op 48 Punkte.



Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn d’Cathy Schmit (18) an d’Akilah Betheln (15) geschoss.



Den nächste Weekend waart dann en duebele Spilldag. E Freideg den 3. Mäerz spillen d’Pikes-Hären um 20.45 Auer zu Diddeleng géint den T71. Och e Freideg spillen d’Pikes-Dammen um 20.30 Auer zu Walfer géint d’Résidence.



E Sonndeg, de 5. Mäerz spillen déi zwou Pikes-Ekippe zu Briedemes géint Contern. D’Dammen um 16 Auer an d’Hären um 18 Auer.