618 View(s)
E schwéiert Stéck Baskets-Aarbecht

E schwéiert Stéck Baskets-Aarbecht

E Bléck virum Ufank vum Match op d’Bänk vun de Musel Pikes huet e Sonndeg am Centre Atert zu Bartreng däitlech gemat, datt et eventuell kéint komplizéiert gi fir dem Frank Baum seng Ekipp. Nodeems de Laurent Schwartz schonn zanter Méint verletzt ass, konnt géint d’Sparta och den Tom Welter net spillen, hien hat sech am Match zu Contern wéi gedoen.



D’Pikes hunn deemno ënner suboptimale Konditiounen ugefaangen – an den Ausfall vum Tom Welter huet sech am Spill-Opbau séier bemierkbar gemaach. Derbäi koum, datt den Jarmar Gulley net säin allerbeschten Dag hat. An d’Paus ass d’Sparta mat 6 Punkte Virsprong gaangen (46:40). Am drëtte Véierel hunn d’Pikes d’Saach an d’Hand geholl a sech eng – vermeintlech komfortabel - Féierung erausgespillt: No 30 Minutte stoung et 56:65.



Mee d’Mass war nach net gelies. Am véierte Véierel hunn d’Sparta-Spiller de Match a ganz kuerzer Zäit gedréit. Mat Krämpes hu sech d’Pikes an eng Verlängerung gerett (75:75). Do ass et am selwechte Rhythmus viru gaangen. E 6:0 vun de Pikes huet d’Sparta mat dräi Attacken nees direkt ausgeglach. 46 Sekonne viru Schluss stoung et 83:83. Mat Fauten an engem "tip-in" vum Clancy Rugg hunn d’Pikes dunn awer d’Saach kloer gemat. No 45 Minutte stoung et 83:89.



Bescht Scorer waren de Clancy Rugg (28 Punkten), den Jarmar Gulley (20), de Jean Kox (17) an de Christophe Donnersbach (13).



Den nächste Samschdeg, 21. Januar, steet dann den absolute Spëtze-Match um Programm. Zu Briedemes spillen d’Pikes um 20.30 Auer géint d’Amicale Steesel. Dee selwechten Dag spillen och d’Pikes-Damme géint d’Amicale (Ufank: 18.30 Auer).