393 View(s)
Éischt Hären-Halleffinall: Entscheedung am leschte Véierel

Éischt Hären-Halleffinall: Entscheedung am leschte Véierel

Ganz vill Supportere vun de Musel Pikes waren e Mëttwoch den Owend op Briedemes an d’Hal komm, fir bei der éischter Halleffinall vum Final Four tëschent de Pikes an der Etzella Ettelbréck derbäi ze sinn. Déi rout a wäiss gekleete Fans hunn en immens spannenden an ënner dem Strich och ganz gudde Basketsmatch ze gesi kritt.



Eréischt am leschte Véierel hunn d’Pikes de Sak zougemaach – no 40 Minutte stoung et 92:79. Am „Best of three“ sinn d’Pikes-Hären domat – genee wéi den Dag virdrun d’Pikes-Damme – mat 1:0 a Féierung gaangen.



34 Minutte laang war et e ganz enke Match, an deem sech keng vun deenen zwou Ekippen entscheedend ofsetze konnt. An dëse 34 Minutten hat d’Féierung ëmmerhi 16mol changéiert an et stoung dee Moment 73:73. Dunn ass et awer ganz séier gaangen.



D’Pikes hunn e puer Dräier geschoss an et hat een op eng Kéier d’Impressioun, datt déi Ettelbrécker Spiller net méi mam héije Rhythmus vun de Pikes konnte mathalen. An nëmme véier Minutte ass den Ënnerscheed op 10 Punkte geklommen – déi zwou lescht Minutte vum Match hunn d’Pikes geréiert, ouni datt Etzella nach reagéiert hätt.



Bei de Pikes huet de Clancy Rugg déi meeschte Punkte geschoss (28). Den Jarmar Gulley koum op 25 Punkten, de Laurent Schwartz op 14 an den Tom Welter op 10 Punkten.



Déi zweet – a vläicht schonn entscheedend – Halleffinall gëtt e Samschdeg, 22. Abrëll um 20.30 Auer zu Ettelbréck gespillt.