521 View(s)
Emol Flopp, emol Top

Emol Flopp, emol Top

Dat war definitiv net den Owend vun de Pikes-Hären. E Samschdeg, 18. Mäerz 2017 hu si zu Briedemes de Playoff-Match géint d’Sparta Bartreng mat 86:92 verluer. Am Ufank sinn d’Pikes net wierklech an de Match erakomm - d’Sparta huet deen éischte Véierel mat 28:18 gewonnen. An zum Schluss vum Match hu Ballverloschter an e puer onglécklech Aktiounen derzou bäigedroen, datt d’Pikes – am Géigesaz zu fréiere Matcher – dat Ganzt awer net méi gedréint kritt hunn.



Derbäi koum och nach, datt e Samschdeg nëmme 7 Dräier an och nëmme 17 vu 25 Fräiwerf an de Kuerf eragaange sinn. Ënner dem Strich hunn déi verhältnesméisseg wéineg Zuschauer kee wirklech gudde Match ze gesi kritt. Dräi Arbitteren hunn an deem Match 52 Fehler detektéiert a gepaff – ganz bridderlech verdeelt (26 géint d’Pikes a 26 géint d’Sparta).



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (29 Punkten), de Clancy Rugg (26), de Laurent Schwartz (12) an de Jean Kox (11).



PIKES- DAMME LOOSSEN DEM BASKET ESCH KENG CHANCE



Ganz wichteg Punkte sinn et e Samschdeg den Owend awer fir d’Pikes-Damme ginn. Dem Jacques Sitz seng Ekipp hat keng Problemer, sech géint déi – staark ersatzgeschwächten – Escher duerchzesetzen. Entscheedend war den drëtte Saz: Deen hunn d’Pikes-Damme mat 29:13 gewonnen. An der Tabelle stinn d’Pikes elo op der gudder zweeter Plaz, hannert Steesel a virun Esch.



Am beschte getraff hu bei de Pikes d’Akilah Bethel (33 Punkten), d’Carole Sitz (20) an d’Shay Winton (20).



Den nächste Sonndeg, 26. Mäerz spillen d’Pikes zu Ettelbréck. D’Matcher géint d’Etzella fänken um 15.15 Auer (Dammen) an um 17.15 Auer (Hären) un.