625 View(s)
Eng Verlängerung, ee Knéi ... a gewonnen!

Eng Verlängerung, ee Knéi ... a gewonnen!

E Samschdeg den Owend, kurz no 23 Auer, hunn an der Buvette vun der Diddelénger Hal d’Fans vun de Pikes séch bei bäschter Stëmmung virun allem fir eppes intresséiert: fir de Knéi vum Clancy Rugg. Eng knapps Stonn virdrun haten d’Pikes déi éischt Hallef-Finale vum Championnat e bëssen iwwerraschend mat 78:75 an der Verlängerung gewonnen.



Ugangs vum véierte Véierel waren an enger Défense-Aktioun ënner dem Diddelénger Kuerf de Clancy Rugg an den Jarmar Gulley gefall – dobäi hat séch de Clancy um Knéi esou wéih gedoën, datt hien nët méi konnt weiderspillen.



Datt d’Pikes déi éischt Hallef-Finale géint den T71 trotzdem gewonnen hunn – duefir gët et nët nëmmen eng Ursaach. D’Pikes hunn iwwer déi 45 Minutten eng ganz aggressiv Défense gespillt. Nodeems de Clancy Rugg séch blesséiert hat, huet de Joe Kalmes einfach seng Roll iwwerholl.



E Samschdeg huet de Jarmar Gulley awer och nees eng Kéier gewisen, datt hien dest Joer ee vun deene bäschten Auslänner an der Total League as: Hien huet déi Kléngegkeet vun 32 Punkte gemat.



Derbäi koum awer och, datt déi Diddelénger scho fréih mat Fehler-Problemer geplot waren: Zwee wichteg Spiller – den Eric Anderson an de Gilles Ruffato – hu misse virum reguläre Schluss wéienst fënnef Fehler den Terrain verloossen. Op däer anerer Säit haten d’Pikes och an dësem Match eng lang Zäit mat dem sougenannte „Schusspech“ ze kämpfen. De Kuerf war phaseweis wéi zougeneelt. An ugangs vum véierte Véierel hat och de Jean Kox schon säi fënnëfte Fehler – no enger ganz staarker Leeschtung.



Bäscht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (32 Punkten), de Laurent Schwartz (17), de Jean Kox (10) an den Tom Welter (9).



Weider geet et elo den nächste Mëttwoch, 27. Abrëll: Um 20 Auer fänkt dann zu Briedemes déi zweet Hallef-Finale un. Virdrun awer huet de Clancy Rugg nach en anere wichtege Rendez-Vous: No séngem Knéi muss en Dokter kucken.



Méi Fotoën op der Facebook-Säit vun de Pikes:

https://goo.gl/LDQQ6f