695 View(s)
Espoirs-Finale : Etzella eng Nummer ze staark

Espoirs-Finale : Etzella eng Nummer ze staark

Ganz vill Leit vun der Musel waren e Sonndeg den Owend an den Tramsschapp op de Lampertsbierg komm. Do hunn an der Championnats-Finale vun den Espoirsën d’Musel Pikes géint d’Etzella Ettelbréck gespillt. Déi Ettelbrécker hunn dee Match zimmlech kloer mat 75:48 gewonnen.



Fir dat Resultat gët et méi wéi ee Grond: Déi Ettelbrécker ware physesch iwwerleën a si hunn – iwwer déi 40 Minute gekuckt – besser zesumme gespillt.



Derbäi koum dunn och nach, dass d’Pikes zimmlech vill Schoss-Pech haten. Si hu 60mol a Richtung Kuerf geschoss, de Ball huet awer nëmmen 16mol och tatsächlech de Wee duurch de Kuerf fond. Dat war natiirlech nët gudd fir d’Moral vun de Spiller vum Trainer Frank Baum.