491 View(s)
Et waart e spannende Freideg

Et waart e spannende Freideg

E Freideg, de 5. Mee fänkt um 20.15 Auer zu Stadbriedemes an der Hal déi zweete Finall tëschent de Musel Pikes an der Amicale Steesel un. No der éischter Finall steet et 1:0 fir d’Amicale. Dem Ken Diederich seng Spiller hunn e Samschdeg den Owend zu Steesel viru bal 1400 Leit mat 113:61 gewonnen.



Zu Steesel sinn d’Pikes ganz gutt an de Match komm, si waren no manner wéi 2 Minutte 2:8 vir an nom éischte Véierel stoung et 24:27. Fatal war dunn awer den zweete Véierel. Déi Steeseler hunn aus alle Lage getraff, d’Pikes hu sech Feelpassen a Ballverloschter geleescht an esou stoung et an der Halschent schonn 57:28. De Match war dee Moment decidéiert.



An deenen zweeten 20 Minutten huet sech näischt Entscheedendes um Spill geännert. Zum Schluss haten déi exzellent Steeseler eng Trefferquot vun 53 Prozent – dem Frank Baum senge Spiller hir louch bei 36 Prozent. Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn den Jarmar Gulley (20), de Christophe Donnersbach (13), de Clancy Rugg (12) an de Laurent Schwartz (11) geschoss.



Déi zweet Finall e Freideg kann elo schonn déi entscheedend ginn. Do virdrun ass awer nach déi éischt Halleffinall vun den Dammen. An där spillen d’Pikes e Méindeg, den 1. Mee zu Steesel géint d’Amicale. Ufank: 18.30 Auer.