444 View(s)
Fatal läscht Minutt

Fatal läscht Minutt

D’Pikes-Dammen hunn en Donneschdeg den Owend zu Briedemes hire Coupe-Match géint Ettelbréck mat 53:55 verluer.



Dobäi waren d’Pikes bis ganz zum Schluss vir - tëschenduerch alt mat 12 Punkten. Allerdengs as an deene läschte Minutten nët méi alles gutt gelaf – an esou konnt d’Etzella 12 Sekonne viru Schluss deen entscheedende Lay-up era maachen.



D'Pikes ware ganz gutt an dee Match erakomm - no manner wéi véier Minutte ware si 12 Punkte vir, et stung dee Moment 14:2. Allerdengs hunn déi Ettelbrécker Dammen et awer och ëmmer nees fäerdech bruet bäizekommen. Dat weisen och d'Statistiken. Den zweeten an den drëtte Véierel ware punkteméisseg ausgeglach (13:13 a 14:14).



Bei de Pikes hunn d'Brielle Ward (18), d'Carole Sitz (16) an d'Akilah Bethel (13) déi meeschte Punkte geschoss. Opfalend sinn awer och déi 24 Rebondë vum Brielle Ward.