756 View(s)
Géint den T71: Damme wannen, Häre verléieren

Géint den T71: Damme wannen, Häre verléieren

No der Qualifikatiounsronn stinn d’Pikes-Hären weiderhin op der 3. Plaz an der Tabelle. Un dësem exzellente Resultat huet och de Match vun e Samschdeg géint den T71 näischt geännert, deen d’Pikes allerdéngs mat 79:87 verluer hunn. Déi Diddelenger louche – vun 2 Minutten ofgesinn – de ganze Match vir, an der zweeter Halbzeit huet sech hire Virsprong bei ronn zeng Punkten agependelt.



Bei de Pikes huet den Jarmar Gulley déi meeschte Punkte gemat (24); de Clancy Rugg koum op 14 an de Jean Kox op 13 Punkten. Schon an der éischter Halbzeit hunn d’Pikes zum Deel nëmme mat engem Amerikaner gespillt – iwwer dee Wee hunn och nees déi Jonk Praxis op héchstem Niveau kritt. Dem Tom Schomer zum Beispill huet a manner wéi 5,5 Minutten 7 Punkte geschoss.



Fir d’Pikes-Hären as den nächste Weekend Paus – wéienst de Coupe-Matcher. A 14 Deeg da fänkt de Playoff un; de Programme steet allerdengs nach nët fest.



Vill gebuede kruten d’Zuschauer och beim Damme-Match. No genee 15 Minutten a 15 Sekonnen stoung et nämlech 16:30 – dee Moment huet et ausgesinn, wéi wann den T71 zu Briedemes géing e méi oder manner gemittlechen Owend verbréngen. 25 Minutte méi spéit sinn d’Pikes-Dammen trotzdem als Gewënner vum Terrain gangen. Et stung 75:62.



Och wann de Match aus Pikes-Sicht holpreg ugefangen hat – besonnesch am läschte Véierel hunn d’Pikes kloer dominéiert an deenen Diddelenger hir Grenze gewisen. Dëse läschte Véierel hunn d’Cathy Schmit & Co mat 27:14 fir sech entscheed.



An hirem éischte Match huet déi nei Amerikanerin vun de Pikes – d’Kayla Woodward as eréischt en Dënschdeg um Luxembourg-City-Airport (Findel) geland – 10 Punkte gemat an neng Rebondë geséchert. D’Pikes hunn e Samschdeg nees eng Kéier nëmme mat enger Auslännerin gespillt: D’Erica Barnes muss wéienst enger Fouss-Verletzung nach e puer Deeg rouhen.



Nach e Bléck op d’Statistiken: Déi meeschte Punkten – 24 – huet nees eng Kéier d’Cathy Schmit gemat. Op 11 Punkte koumen d’Carole Sitz an d’Magaly Meynadier, op 10 Punkten d’Kayla Woodward an d’Laure Diederich.



Och d’Pikes-Dammen spillen den nächste Weekend wéienst de Coupe-Halleffinalen nët.