429 View(s)
Géint Esch: Damme wannen – Häre verléieren

Géint Esch: Damme wannen – Häre verléieren

D’Pikes-Hären hunn de Moment definitiv kee gudde Laaf. E Samschdeg den Owend hu si och géint Esch knapps (82:85) verluer.



A wéi schon an anere Matcher an deene läschte Wochen ware si och e Samschdeg ee Moment kloer vir (mat 14 Punkten an der 24. Minut). Allerdengs huet schon ugangs vum läschte Véierel de Jarmar Gulley missen ophalen – hien hat du leider 5 Fehler. Duerno as et problematesch gi fir d’Pikes an zu gudder Läscht hu sech déi Escher duerchgesat.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (25 Punkten), de Clancy Rugg (21), de Laurent Schwartz (14) an den Tom Welter (9).



Besser gelaf as et e Samschdeg bei de Pikes-Dammen. Si hu géint Esch 61:54 gewonnen. Dat hat och mat engem iwwerraschende Schachzug ze dinn: Am Match e Samschdeg huet nämlech d’Chrissy Fisher op enger vun den Auslännerinne-Positioune gespillt. An d’Chrissy as direkt mat 100 à l’heure derwidder gang. Kurz viru Schluss huet hatt e ganz wichtegen Dräier geschoss – am Ganzen as d’Chrissy a sengem éischte Match no dräi Joer op 12 Punkte komm.



Gudd getraff hunn och nach d’Kayla Woodward (15 Punkten), d’Cathy Schmit (11) an d’Laure Diederich (10).



Den nächste Weekend geet et mat engem duebelen – an entscheedende – Spilldag weider. E Freideg, 8. Abrëll spillen d’Pikes-Dammen um 20 Auer zu Contern an d’Pikes-Hären um 20.30 Auer zu Bartreng. E Sonndeg, 10. Abrëll spillen d’Pikes doheem géint d’Amicale. D’Dammen um 16 Auer an d’Hären um 18 Auer.