Weider Neizougäng bei den Red Boys

Weider Neizougäng bei den Red Boys

D'Red Boys Differdange hun sech am Hibléck op d'Saison 2010/2011 weiderhin verstäerkt. Den 26-jähregen Däitschen Tobias Stemmler war fir d'Lescht bei der zweeter Ekippe vun Saarlouis aus der 2. Däitscher Bundesliga aktiv an spillt an d'Zukunft zu Déifferdeng. Den Miguel Moreira kënnt vun Péiteng bei d'Red Boys. Och den Aldin Zekan , den jonken Brudder vum Nationalspiller Alen Zekan , wiesselt op Déifferdeng. Den Eric Korac wiesselt no engem Ofstiecher beim HB Esch op Déifferdéng. Och den drëtten Goalkipp Admir Alickovic spillt zukünfteg fir d'Red Boys.