583 View(s)
Happy end

Happy end

Et war schonn e ganz spezielle Match e Samschdeg zu Briedemes tëschent de Pikes a Contern. Zirka fënnef Minutte virum Enn vun der normaler Spillzäit hu sech op den Tribünen d’Leit virun allem mat enger Fro beschäftegt: Verléieren d’Pikes dëse Match mat méi oder mat manner wéi 20 Punkten Ënnerscheed? Dee Moment stoung et nämlech 57:78, Contern huet bis dohin des Partie haushéich dominéiert.



Datt Basket kann e komeschen an – an dësem Fall aus Conterner Sicht – och grausame Sport ka sinn, stoung 10 Minutte méi spéit fest: No der Verlängerung huet de Gewënner nët Contern geheescht. D’Pikes haten op eng Kéier e fiirchterlech gudde Laf, déi Conterner hu sech nach just d’Ae geriwwen an dunn ass et komm, wéi et heiansdo kënnt: In extremis hunn d’Pikes gewonnen, mat 95:92.



E Bléck op d’Statistike weist virun allem eppes: Contern huet déi dräi éischt Véierelen extrem kloer gewonnen (14:20, 14:23, 20:27) an zäitweis hunn d’Pikes kee Fouss op de Buedem vun der Hal kritt. Bis eben déi läscht Minutte komm sinn. De véierte Véierel hunn d’Pikes mat 34:12 fir sech entscheet, d’Verlängerung hu se du mat 13:10 gewonnen. Match-Winner war, nees eng Kéier, den Jarmar Gulley: Am Ganzen hat hien 34 Punkten um Konto: 15 dervun huet hien an deene leschte 7 Minutte vum Match geschoss.



Gutt gescort hunn ausserdeem nach de Clancy Rugg (25), den Tom Welter (14) an de Jean Kox (13).



Keng Chance géint Contern haten allerdéngs d’Damme vun de Musel Pikes. No engem méi oder manner ausgeglachenen Ufank (no 13 Minutte stoung et 23:24), huet Contern eng Schëpp bäigeluecht a sech séier ofgesat. An der Paus stoung et schon 26:37. Dee Moment hunn d’Pikes missen e puer Minutten ouni hir Amerikanerin Akilah Bethel spillen – hatt war ëmgeknéckst an huet misse behandelt ginn.



Déi zweet Halschent war eng Kloer Saach. Contern huet dominéiert an de Match schlussendlech och mat 52 :76 gewonnen. Bei de Pikes hu just d’Akilah Bethel (18) an d’Carole Sitz (15) méi wéi 10 Punkte gehäit.



Den nächste Weekend spillen d’Pikes zu Ettelbréck. D’Matcher géint Etzella si sonndes, se fänken um 15.15 Auer (Dammen) bzw. um 17.15 Auer (Hären) an den Däichwisen un.