295 View(s)
Iwwert d’Nordstrooss an d’Finall

Iwwert d’Nordstrooss an d’Finall

Trotz Télévie waren e Samschdeg den Owend ganz vill Leit vun der Musel op Ettelbréck gefuer. D’Rees iwwer d’Nordstrooss huet sech rentéiert: Kuerz no 22 Auer stoung fest, datt d’Pikes-Hären och dëst Joer an der Finall vum Championnat stinn. Dem Frank Baum seng Ekipp huet zu Ettelbréck déi zweet Halleffinall gewonnen; no 40 Minutte stoung et 77:80.



Eréischt den nächsten Dënschdeg Owend ginn d’Pikes gewuer, wien hire Géigner an der Finall wäert sinn. E Samschdeg huet Diddeleng nämlech 97:83 géint d’Amicale gewonnen. Dat heescht, datt d’Amicale an den T 71 nach eng drëtte Kéier musse géinteneen untrieden – dee Match gëtt den 25. Abrëll zu Steesel gespillt.



Zu Ettelbréck hunn d’Leit e Samschdeg eng spannend an intensiv zweet Halleffinall gesinn. Nees ass et bis zum Schluss ganz enk bliwwen. D’Etzella hat sech am drëtte Véierel liicht ofgesat an ass bei 64:58 mat sechs Punkte Virsprong an déi lescht zéng Minutte gangen. D’Pikes hu sech awer net biede gelooss an direkt efficace reagéiert. An der 36. Minutt si si nees virkomm. Déi Ettelbrécker sinn awer dru bliwwen.



Wéi nach 43 Sekonnen ze spille waren, ass dem Raphael Martin e spektakuläre Lay-up gelongen – d’Pikes ware 4 Punkte vir, de Match war dee Moment quasi entscheet an op den Tribüne war eng richteg lass.



Déi meeschte Punkten an dëser Halleffinall hunn den Jarmar Gulley (24), de Clancy Rugg (23), de Jean Kox (14) an de Laurent Schwartz (13) geschoss.