516 View(s)
Jarmar 34, Laurent 32

Jarmar 34, Laurent 32

Exzellenten Optakt fir d’Pikes-Häre vun der Playoff-Ronn. E Freideg (5. Februar 2016) den Owend hu si zu Briedemes mat 88:70 géint Etzella Ettelbréck gewonnen. Grouss a Form waren an deem Match den Jarmar Gulley mat 34 Punkten an de Laurent Schwartz mat 32 Punkten. De Laurent Schwartz huet eleng 8 Dräier versenkt.



Dat kloert Endresultat weist awer nët, datt et grad am läschte Véierel nach eng Kéier licht spannend gi war. D’Pikes hunn dëse Véierel wuel mat 21:20 gewonnen – tëschenduerch stung et awer och eng Kéier 8:18. An nëmmen dräi Minutte viru Schluss war Ettelbréck op 5 Punkten erukomm.



Manner gudd as et fir d’Pikes-Damme gelaaf. Ouni d’Magaly Meynadier si si am Match géint d’Etzella virun allem an der éischter Halschent ënner déi Ettelbrécker Rieder geroden. Aus Pikes-Sicht war de Kuerf e Freideg lang Zäit wéi zougeneelt an an der Paus war d’Etzella schon 48:18 vir. De Match war gelaf. No 40 Minutten stung et 63:84.



Nächst Matcher: E Samschdeg, 13. Februar zu Esch – Dammen um 18.30 Auer, Hären um 20.30 Auer.