1108 View(s)
Jarmar Gulley mat 37 Punkten

Jarmar Gulley mat 37 Punkten

Et as schon eng kleng Sensatioun: D'Musel Pikes hunn e Mëttwoch den Owend zu Briedemes an der Hal och déi zweet Halleffinale vum Championnat géint den T71 gewonnen.



Mat 72:69, an nees no enger Verlängerung. Opwuel de Clancy Rugg blesséiert war, hunn d'Pikes eng formidabel Leeschtung gewisen.



On fire war den Jarmar Gulley: Hien huet a 45 Minutten 37 Punkte gemat. Déi läscht Minutte ware richteg dramatesch - virun allem well d'Pikes bal zeng Fräiwërf nët era kritt hunn. Awer an dësem Fall: Ende gut, alles gut!!!!!!!!



Fir de Clancy Rugg ze ersetzen haten d'Pikes jo am "Eilverfahren" nach deen 2,15 Meter groussen Däitschen Enosch Wolf engagéiert. Hien huet - opwuel en eréischt een Dag virum Match zu Briedemes ukomm as - sech ganz gudd aus der Affaire gezunn a virun allem an der éischter Halschent och acht Punkte gemat.



An deenen zweeten 20 Minutten hunn d'Pikes dunn awer bal déi ganzen Zäit nëmme méi mat engem Auslänner gespillt - dat heescht gudd gespillt. De Joe Kalmes an de Christophe Donnersbach hunn du vill Spillzäit kritt an entscheedend derzou bäigedroën, datt um Änn d'Pikes Nues virhaten.



Wéi schon e Samschdeg hunn déi Diddelénger sech schwéier gedoen mat däer immens efficacer Pikes-Defense an insgesamt hu si och schlecht getraff. D'Pikes hirersäits hate virun allem am drëtte Véierel eng Schwächephase ze iwwerstoën an irgendwéi eng Zäitlang d'Punkte-Maachen emol agestallt. An dunn as och nach de Misär op der Fräiworflinn ugangen.



Niewend dem Jarmar Gulley hunn e Mëttwoch just nach 5 Spiller Punkte gemat: den Tom Welter (13), den Enosch Wolf (8), de Christophe Donnersbach (7), de Joe Kalmes (5) an de Jean Kox (2).



MEI FOTOEN OP FACEBOOK. HEI KLICKEN: https://goo.gl/gGPnam