620 View(s)
Jean Kox mat 7 Dräier an 20 Minutten

Jean Kox mat 7 Dräier an 20 Minutten

Am Championnat haten d’Pikes zu Diddeleng an der Verlängerung verluer. E Mëttwoch den Owend huet dem Frank Baum seng Ekipp an der Coupe géint déi Diddelenger awer näischt ubrenne gelooss an d’Aachtels-Final kloer mat 91:71 gewonnen. Ronn 400 Leit waren op Briedemes an d’Hal komm.



Am Match war vun der éischter Minutt u richteg Feier. A manner wéi 2 Minutten hat de Gilles Ruffato fir den T71 dräi Dräier getraff. Dat huet sech bei de Pikes virun allem de Jean Kox net wollte bidde loossen. Hien huet a gutt véier Minutten 11 Punkte geschoss – och hien hat schonn no manner wéi fënnef Minutten dräi Mol vun hannert der Dräierlinn getraff. Am Ganzen huet de Jean Kox an deenen éischten 20 Minutte 7 Dräier getraff.



An der Paus waren d’Pikes 52:41 vir – dee Moment haten hir Spiller schonn 12 Dräier um Kont. No der Paus sollten nach weider fënnef Dräier derbäi kommen. Datt d’Pikes dee Match eigentlech vun der éischter bis déi lescht Minutt dominéiert hunn, hat awer och vill mat enger zolitter Defense ze dinn. Esou huet zum Beispill de Raphael Martin den Tom Schumacher ni richteg zum Zuch komme gelooss. Am ganze Match huet den Diddelenger nëmmen 12 Punkte gemat.



Déi Diddelenger Supportere hu sech mat Momenter zimlech hefteg iwwer den Arbitrage opgereegt. Allerdengs war et esou, datt d’Pikes bal de ganzen drëtte Véierel nëmme mat engem Auslänner gespillt hunn. Ugangs vum drëtte Véierel hat den Jarmar Gulley schonn de véierte Fehler gepaff kritt. A senger Plaz ass dunn de Joe Kalmes op den Terrain komm. A wéi scho méi wéi eng Kéier hunn d’Pikes och an dësem Match ouni Problem gutt a konsequent mat nëmmen engem Auslänner weidergespillt.



E Bléck op d’Statistik weist dann och nach e puer Ënnerscheeder: Bei de Pikes hunn de Jean Kox an den Jarmar Gulley jiddereen 23 Punkte geschoss. Ausserdeem sinn och nach den Tom Welter (12) an de Clancy Rugg (11) op méi wéi 10 Punkte komm. Am Géigesaz dozou ass bei deenen Diddelenger keen iwwer 18 Punkte komm.



Nodeems d’Pikes elo den T71 aus der Coupe gespillt hunn, waart e Sonndeg deen nächsten Héichpunkt vun der Hi-Ronn am Championnat: Um 17.15 Auer fänkt dann zu Steesel de Match Pikes-Amicale un.



Méi Fotoe vum Match fand Dir op der Facebook-Säit vun de Pikes: https://www.facebook.com/musel.pikes/