1083 View(s)
Läschte Match vum Playoff: Zolwer leid duebel

Läschte Match vum Playoff: Zolwer leid duebel

Fir Zolwer war de läschte Match am Playoff enorm wichteg. An der Hal zu Briedemes huet sech e Samschdeg den Owend en Deel vun der kruzialer Fro entscheed: Kommen déi Zolwer an de Final Four oder nët? Duefir elo e bësse Sportskonjunktiv: Wann déi Zolwer géint d’Pikes gewonnen hätten, wir alles an der Reih gewiescht. Dann hätt Ettelbréck och kënne géint Esch verléieren oder – je nodeems wéi een et kuckt – Esch hätt doheem kënne géint Ettelbréck wannen.



Déi Zolwer ware mat ganz ville Supporteren, Trommelen, Balloën an Fändelen op d’Musel komm. Mee ganz séier huet sech an der Briedemesser Hal ofgezeechent, datt dee Samschdeg net deenen Zolwer hire Samschdeg war. D’Pikes hu vun der éischter bis d‘läscht Minutt déi Zolwer net an d’Spill komme gelooss an haushéich dominéiert. Schon an der Halschecht stung et 53:36 fir d’Pikes a kaum ee konnt sech och nëmmen am Usatz virstellen, wéi Zolwer dee Match nach sollt kënnen dréihen.



Doraus as och am drëtten an véierte Véierel definitiv näischt méi ginn. Zolwer as déi läscht 20 Minutte permanent engem Retard vun 20 bis alt 32 Punkte nogelaf – an huet du resignéiert. Bei de Pikes hunn den J. Gulley an de C. Rugg zesummen 51 Punkte gemat.



Wéi de Match zu Briedemes du mat dem Schlussresultat vun 99:72 eriwwer war, waren zu Esch nach bal 7 Minutten ze spillen. An däer Zäit as déi Zolwer Welt eng zweete Kéier zesumme gebrach: Esch huet iwwerraschend gewonn an Zolwer huet den Dram vum Final Four misse begruewen.



An d’Pikes? Mat dem gewonnene Match géint Zolwer an dem gewonnene Match géint d’Amicale vum Weekend virdrun as de Playoff positiv eriwwer gangen – och wa si sech fir des zwou ganz gudd Leeschtunge um Änn vun der Saison eigentlech näischt Richteges kënne kafen. Schéi war et trotzdem.