René Peters manner schlemm blesséiert wéi gefaart

René Peters manner schlemm blesséiert wéi gefaart

Beim Testmatch vun der Nationalekipp géint den FC Metz huet den René Peters an den Schlussminuten missen ausgewiesselt gin, nodeems hien sech ouni Kontakt mat engem Géigenspiller um lénke Fouss verletzt haat. Enger medezinescher Kontroll no schéngt awer naischt gerass ze sin.

Ob den 28-jähregen Kapitän vun der Jeunesse Esch e Samschdeg am Match fier d'Coupe de Luxembourg géint Dikrech waert dobai sin, as nach net gewosst.