648 View(s)
Mam Raphi op Steesel

Mam Raphi op Steesel

Déi Steeseler sinn e Freideg den Owend nët Lëtzebuerger Basketsmeeschter ginn. D’Musel Pikes hunn zu Briedemes viru ronn 900 Zuschauer déi zweet Finall mat 91:81 gewonnen. Elo gët e Sonndeg, 7. Mee um 20.15 Auer zu Steesel eng drëtt – an entscheedend - Finall gespillt.



Bis ugangs vum drëtte Véierel hunn d’Leit en immens spannenden an enke Match ze gesi kritt, an deem keng Ekipp sech ofsetze konnt. An dunn huet dem Raphael Martin seng Stonn geschloen. A ganz kurzer Zäit huet hien dräi Dräier gemat, zwee weider Dräier koumen dunn och nach vum Jarmar Gulley. D’Pikes waren op eng Kéier zeng Punkte vir, Steesel ass nët méi zréckkomm.



Vun der éischter Minutt un hunn d’Pikes e Freideg däitlech gemat, datt si sech wollte revanchéiere fir déi zimmlech surrealistesch Nidderlag aus der éischter Finall. Schon no 7 Minutte ware si zeng Punkte vir.



En neess immens starke Samy Picard huet d’Amicale awer am Spill gehalen. Hien huet eleng an der éischter Halschent 20 Punkte gemat. An der zweeter Halschent hunn d'Pikes dunn awer vill méi aggressiv géint de Samy Picard verteidegt. Konsequenz: Hien huet an deene leschten zwanzeg Minutte just nach 6 Punkte geschoss.



Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn den Jarmar Gulley (29), de Clancy Rugg (23) an de Jean Kox (17) geschoss.



Wéi scho virun 12 Méint war och des Finall neess eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. D'Pikes hu sech mat engem groussen Ausrufezeechen zréckgemällt. Virun allem awer war an där klenger Briedemeser Hal och d'Stëmmung neess top - am Hexekessel waren déi Miseler an déi Steeseler Fans vun der éischter bis déi lescht Minut "on fire".