390 View(s)
Mat 38 Punkte vum Clancy Rugg op déi zweet Plaz

Mat 38 Punkte vum Clancy Rugg op déi zweet Plaz

Dat nennt ee da wuel en Happy End. No e puer méi schwierege Matcher hunn d’Musel-Pikes-Hären e Samschdeg den Owend zu Contern mat 82:75 gewonnen.



Well um leschte Spilldag vum Playoff Ettelbréck (géint d’Sparta) an Diddeleng (géint d’Amicale) verluer hunn, stinn d’Pikes an der Tabelle op der zweeter Plaz. Dat heescht virun allem, datt si an den Halleffinallen Heemrecht hunn – am „Fall des Falles“ géingen deemno zwou vun deene maximal dräi Halleffinallen zu Briedemes gespillt ginn. Déi éischt ass iwwregens schonn e Mëttwoch, 19. Abrëll um 20 Auer zu Briedemes. D’Pikes spille géint den Tabellen-Drëtten, d‘Etzella Ettelbréck.



De Match zu Contern e Samschdeg war bis an déi lescht Minutten eran zimlech enk. D’Pikes sinn allerdéngs ganz gutt an de Match era komm a ware schonn no 7 Minutten 8 Punkte vir. Duerno war et awer e permanent Hin an Hir. D’Arbitter hu vill Fehler gepaff an d’Pikes hunn eréischt am leschte Véierel déi entscheedend Differenz erausgespillt.



E puer Spiller vun de Pikes waren an der Woch virdru mat enger Mogripp geplot a konnten net wéi gewinnt trainéieren. Zu Contern huet awer virun allem de Clancy Rugg eng iwwerzeegend Leeschtung ofgeliwwert. No 40 Minutten hat hien 38 Punkte geschoss an och nach 10 Rebondë geholl. Gutt getraff hunn och nach den Jarmar Gulley (24 Punkten) an de Laurent Schwartz (10 Punkten).



D’DATUMER VUN DEN HALLEFFINALLE VUN DE PIKES-HÄREN



+ Mëttwoch, 19. Abrëll, 20 Auer zu Stadbriedemes: Pikes-Etzella

+ Samschdeg, 22. Abrëll, 20.30 Auer zu Ettelbréck: Etzella-Pikes

+ Eventuell drëtte Match:

Dënschdeg, 25. Abrëll, 20.00 Auer zu Stadbriedemes: Pikes-Etzella



D’DATUMER VUN DEN HALLEFFINALLE VUN DE PIKES-DAMMEN



+ Dënschdeg, 18. Abrëll, 19.30 Auer zu Contern: Contern-Pikes

+ Sonndeg, 23. Abrëll, 18 Auer zu Stadbriedemes: Pikes-Contern

+ Eventuell drëtte Match:

Freideg, 28. Abrëll, 20 Auer zu Stadbriedemes: Pikes-Contern