328 View(s)
Nees eng Kéier Verlängerung

Nees eng Kéier Verlängerung

Fir d’Pikes-Häre gouf et e Samschdeg zu Diddeléng en Déjà-Vu: Nees eng Kéier ware si kuerz viru Schluss géint den T71 nach däitlech vir (mat 12 Punkten an der 35. Minutt), nees eng Kéier huet den T71 in extremis de Match ausgeglach, nees eng Kéier ass et an eng Verlängerung gangen. An där Verlängerung hunn déi Diddelenger du mat 87:83 gewonnen.



Den T71 huet e Samschdeg missen ouni ee vu sengen zwee Amerikaner spillen. De Cory Johnson huet misse stënterlech operéiert ginn a wäert e puer Woche laang ausfalen. Am Ufank vum Match ass et fir d’Pikes gutt gelaf. Richteg däitlech hu se sech awer net ofgesat an an der Paus stoung et 33:33. Duerno hunn d’Pikes dunn awer e ganz gudde Laf op deem neie Parquet an der Diddelénger Hal gehat. Am drëtte Véierel ware si laang ëmmer ronn 10 Punkte vir.



Ausgerechent an deene läschte fënnef Minuten as dunn awer net méi alles zesumme gang. De Rescht ass bekannt. Bei de Pikes huet den Jarmar Gulley 28 Punkte geschoss. De Clancy Rugg koum op 20, de Jean Kox op 19 Punkten.



Méi kloer war d’Affaire bei den Dammen. D‘Pikes-Damme ware vun der éischter bis déi läscht Minut vir. Den T71 war allerdéngs ugangs vum läschte Véierel zweemol bäikomm (bei 40:40 bzw. 42:42). Déi 2 Ekippen hunn e Samschdeg nëmme mat enger Auslännerin gespillt. Bei de Pikes hunn d’Akilah Bethel (19), d’Cathy Schmit (15) an d’Carole Sitz (13) déi meeschte Punkte gemaach.



Den nächste Weekend sinn d’Pikes-Damme spillfräi. D’Pikes-Häre spillen e Samschdeg, de 15. Oktober um 20.30 Auer zu Briedemes géint d’Fiels.