442 View(s)
Och d’Pikes-Dammen an der Finall

Och d’Pikes-Dammen an der Finall

Den 22. Abrëll 2017 hunn d’Pikes-Hären de Sprong an d’Finall vum Championnat perfekt gemat. Een Dag méi spéit hunn och d’Pikes-Dammen hir zweet Halleffinall géint Contern mat 78:67 no Verlängerung gewonnen. Domat sti si och an der Finall. Am Match e Sonndeg huet d’Shay Winton bemierkenswäert 31 Punkte geschoss.

 

Relativ vill Leit waren an d’Hal op Briedemes komm. Si hunn e Match gesinn, an deem d’Pikes-Dammen schwéier hu misse kämpfen, an deem si awer och gewisen hunn, datt si eng drëtt Halleffinall onbedéngt vermeide wollten. Fir den Trainer Jacques Sitz hunn déi leschte Woche bestätegt, datt d’Pikes niewent Steesel déi beschten Ekippen am Championnat waren.

 

De Match e Sonndeg ass besser fir Contern ugaangen – Si hunn den éischte Véierel 20:16 gewonnen. Bis an d’Paus hate sech d’Pikes awer zréckgekämpft. An der zweeter Halschent ass et dunn drënner an driwwer gangen. No 24 Minutte waren d’Pikes 15 Punkte vir a vill Leit hu gemengt, de Match wier gelaf. Lues a lues ass Contern nees zréckkomm. Wéi du véier Sekonne viru Schluss d’Akilah Bethel zwee Fräiwerf verginn huet, hunn déi zwou Ekippe missen an d’Verlängerung.

 

D’Overtime war dunn awer eng immens kloer Saache fir du ganz staark Pikes-Spillerinnen. Aus engem 65:65 hu si an fënnef Minutten en 78:67 gemat.

 

Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn d’Shay Winton (31), d’Akilah Bethel (18) an d’Carole Sitz (13) geschoss.

 

An der Finall spillen d’Pikes-Damme géint Steesel. Wéi erwaart huet d’Amicale géint de Basket Esch gewonnen.

 

D’Finale vun den Damme gi viraussiichtlech e Méindeg, den 1. Mee, e Samschdeg de 6. Mee an e Mëttwoch, den 10. Mee gespillt.

 

D’Häre-Finalle ginn e Samschdeg, den 29. Abrëll, e Freideg, de 5. Mee an e Sonndeg, de 7. Mee gespillt.