500 View(s)
Perfekt Hironn

Perfekt Hironn

E Samschdeg den Owend hunn d’Musel Pikes zu Briedemes an der Hal mat 92:71 géint Bascharage gewonnen – an domat och déi éischt Plaz an der Tabelle verteidegt. Vun der éischter bis déi lescht Minutt haten d’Pikes dee Match am Grëff. Allerdéngs haten déi Bascharager och Pech: Ganz am Ufank ass den Ernest Zeigler, ee vun hiren Auslänner, ëmgeknéckst a konnt duerno nach just e puer Minutte matspillen.



Nodeems d’Pikes den éischte Véierel mat 22:8 gewonnen haten, huet den Trainer Frank Baum schonn am zweete Véierel och d’Spiller vun der Bänk op den Terrain geschéckt. Wéi déi Bascharager hunn och d’Pikes grouss Deeler vum Match nëmme mat engem Amerikaner gespillt. Dat huet awer näischt geännert: D’Pikes hunn d’Spill kontrolléiert an hiren „Ecart“ permanent ausgebaut. Sechs Minutte viru Schluss ware si 34 Punkte vir.



Top-Scorer bei de Pikes waren de Jean Kox (21 Punkten), de Clancy Rugg (21 Punkten), den Jarmar Gulley (18 Punkten) an de Joe Kalmes (12 Punkten).



Et gëtt awer och nach eppes Negatives ze mellen: De Match e Samschdeg hat manner wéi 200 Leit op Briedemes an d’Hal gelackelt. Vu Bascharage dierften net emol zwou Dose Supporteren an der Hal gewiescht sinn.



Dëse Match war och dee leschte vun der Hironn. De Bilan vun de Pikes as exzellent: Si hu 7 vun 9 Matcher gewonnen a stinn domat op der éischter Plaz an der Tabell – punktegläich mat Steesel a mat Contern.



Den nächste Samschdeg geet et zu Walfer weider. D’Pikes-Häre spillen um 20.30 Auer géint d’Résidence.



D’Pikes-Dammen hunn an der nächster Woch zwee Matcher:



- e Freideg, 2. Dezember um 20.30 ZU REIMECH an der Hal géint Hesper.



- e Sonndeg, 4. Dezember um 19.15 Auer zu Walfer géint d’Résidence.