571 View(s)
Perfekte Pikes-Sonndeg

Perfekte Pikes-Sonndeg

D‘Damme wannen zu Hesper géint den Telstar (67:45), d’Häre loossen zu Hiefenech der Lokal-Equipe keng Chance a wanne mat 71:88: Aus Pikes-Sicht as näischt géint den zweetläschte Spilldag an der Qualifikatioun ze soën.



Och zu Hiefenech waren d’Pikes vun der éischter bis d’läscht Minut vir, de Virsprong louch bal déi ganzen Zäit bei 6 bis 10 Punkten – opwuel d’Pikes an dësem Match manner gudd wéi gewinnt aus der Distanz getraff hunn an och d’Fräikuerf-Statistik alt scho besser war.



De Grondsteen vum bis ewell 13. gewonnene Match an der Qualifikatioun huet dem Frank Baum seng Equipe schon am éischte Véierel geluet – no 10 Minutte stung et 23:14. Zréckzebehalen as och nach, datt den Arbiter-Trio am Ganzen ëmmerhi 50 Fehler erkannt huet; déi läscht Minutten hunn d’Pikes duefir missen op den Jarmar Gulley an de Joe Kalmes verzichten.



Déi meeschte Punkten huet erëm eng Kéier de Clancy Rugg gemat (22 + 17 Rebondën). E gudde Laaf haten och den Tom Welter (18) an den Jarmar Gulley (11).



Virum Playoff bleiwt elo nach just ee Match ze spillen: den nächste Samschdeg um 20.30 Auer zu Briedemes géint den T71. Eppes as elo scho sécher: d’Pikes behalen déi drëtt Plaz an der Tabelle, Esch as véierten – awer mat dräi Punkte manner, Esch kann also d’Pikes nët méi iwwerhuelen.



Keng Problemer haten och d’Pikes-Dammen an hirem Match e Sonndeg den Owend géint Hesper. Si hu mat 67:45 gewonnen, opwuel si ouni Auslännerin gespillt hunn. D’Erika Barnes muss wéienst enger Foussverletzung e puer Deeg aussetzen.



Zu Hesper stung et trotzdem an der Paus scho 14:38 fir d’Pikes.

Topscorerin war d’Carole Sitz (22 Punkten) virum Magaly Meynadier (16 Punkten), dem Cathy Schmit (11 Punkten) an dem Laure Diederich (10 Punkten).



Hiren nächste Match spillen d’Dammen den nächste Samschdeg – och zu Briedemes an och géint den T71 Diddeleng, Ufank: 18.30 Auer.