378 View(s)
Perfekte Pikes-Sonndeg

Perfekte Pikes-Sonndeg

Den nächsten Donneschdeg, 10. November spillen d’Pikes-Damme vun 20.15 Auer un zu Briedemes e Coupe-Match géint Etzella Ettelbréck. Dëse Sonndeg ass – wann een esou wëll – d’Generalprouf schon emol gegléckt: D’Pikes-Dammen hunn zou Ettelbréck hire Championnats-Match mat 71:60 gewonnen.



Bis zum Schluss war dee Match allerdéngs zimlech enk. Eréischt an deene läschte Minutten hu sech d’Pikes méi kloer ofgesat an dee läschte Véierel och mat 20:12 gewonnen. Véier Spillerinnen hu méi wéi 10 Punkte geschoss: d’Cathy Schmit (16), d’Akilah Bethel (16), d’Carole Sitz (15) an d’Laure Diederich (11).



Eng (kleng) Iwwerraschung ass e Sonndeg zu Ettelbréck och de Pikes-Häre gelongen: Si hu kloer mat 95:80 géint d’Etzella gewonnen. Wéi scho bei den Dammen war et och am Häre-Match bis an de läschte Véierel richteg spannend. D’Pikes waren zwar am Ganze 35 Minutte an deem Match vir, allerdéngs hu si sech bis an déi läscht Minutten net entscheedend konnten ofsetzen. Ëmmer nees ass d’Etzella bäikomm.



E gudden Dag hat op jidde Fall de Clancy Rugg erwëscht. Obwuel hie schonn am zweete Véierel säin drëtte Fehler kasséiert huet an dunn eng gutt Zäit vun der Bänk aus nogekuckt huet, war hien zu Ettelbréck den Top-Scorer: No 40 Minutten hat hien 30 Punkten op sengem Kont. Gutt getraff hunn och nach den Jarmar Gulley (25), den Tom Welter (10) an de Raphael Martin (10). Net spille konnt wéinst enger Verletzung de Laurent Schwartz; am Géigesaz zu him war de Joe Kalmes awer nees derbäi.



Hei elo och nach déi nächst Matcher vun de Pikes:



Dammen: Donneschdeg, 10. November, 20.15 Auer zu Briedemes: Pikes-Etzella (Coupe)



Hären: Samschdeg, 12. November, 20.30 Auer zu Briedemes: Pikes-Sparta (Championnat)



Hären: Mëttwoch, 16. November, 20.30 Auer zu Briedemes: Pikes-Diddeléng (Coupe)