755 View(s)
Pikes an der Coque

Pikes an der Coque

Nach steet net fest, géint wien d’Pikes an der Hallef-Final vun der „Coupe Loterie Nationale“ wäerte spillen: D’Hallef-Finale ginn den 23. Dezember ausgeloust, d’Matcher sinn dann den éischte Februar-Weekend an der Coque. Niewent de Pikes sinn och nach d’Amicale, de Racing an Esch ënnert deene leschte véier.



De Grondsteen fir d’Coque hunn d’Musel Pikes en Donneschdeg den Owend an der Hal zu Ueweraanwen geluet: Géint Gréngewald Hueschtert huet dem Frank Baum seng Equipe 101:78 gewonnen. Déi Hueschterter hu mat enger Avance vun 10 Punkten ugefaangen – déi haten d’Pikes awer schonn no gutt 7 Minutten (19:19) neutraliséiert.



Viru bal 300 Leit haten d’Pikes zu kengem Moment Problemer an am leschte Véierel sinn dunn och d’Spiller vun der Bänk an den Asaz komm – ouni datt dat eppes um Verlaf geännert hätt. Kuurz no 22 Auer huet de Yann Hermann mat engem gefleegtenen Dräier den Honnerter vollgemaacht.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (35 Punkten), de Clancy Rugg (14), de Jean Kox (18) an de Joe Kalmes (14).



E Samschdeg, 17. Dezember, spillen d’Pikes an der Fiels – de Match fänkt wéi gewinnt um 20.30 Auer un. D’Pikes-Damme sinn dese Weekend spillfräi.