1211 View(s)
Pikes-Contern: eemol gewonnen, eemol verluer

Pikes-Contern: eemol gewonnen, eemol verluer

Trotz dem schlechte Wieder waren e Freideg den Owend nach iwwer 200 Leit op Briedemes an d’Hal komm. Och wann d’Pikes-Hären virun e puer Wochen zu Contern iwwerraschend verluer haten – des Kéier hu si sech nët op d’Glatäis féiere gelooss.



D’Pikes ware vun der éischter bis déi läscht Minut vir, d’Féierung war ee Moment op iwwer 20 Punkte geklomm an et hat een nie d’Impressioun wéi wa Contern un däer zimmlech eesäiteger Geschicht kéint eppes änneren.



Den Trainer Frank Baum huet fréih mat Rotatiounen ugefangen, och déi jonk a ganz jonk Spiller sinn e Freideg un d’Reih komm a scho fréih hunn d’Pikes och alt emol nëmme mat engem Amerikaner gespillt. Um Gesamtbild huet dat awer näischt geännert. An der Paus stung et 51:36, no 40 Minutten dunn 89:70.



Bei de Pikes hu fënnef Spiller 10 bzw. méi Punkte gemat. Topscorer war de Clancy Rugg (25 Punkte) virum Jarmar Gulley (15), dem Joe Kalmes (14), dem Laurent Schwartz (12) an dem Tom Welter (10).



Deemno hunn d’Pikes an deser Saison bis ewell 12 vu 16 Matcher gewonnen. Domadder bleiwen sie déi drëtt an der Tabelle. An der Quali bleiwen nach 2 Matcher ze spillen: dëse Sonmdeg zu Hiefenech (17 Auer) an den nächste Samschdeg, 23. Januar zu Briedemes géint den T71 (20.30 Auer).



Manner gudd as et Freideg allerdings fir d’Pikes-Damme gelaaf. Si hunn eng weider Kéier nëmme mat enger Amerikanerin gespillt (eng nei auslännesch Spilleren kënnt an den nächsten Deeg un) an haten ënner dem Strich keng echt Chance géint déi Conterner. No 40 Minutte stung et 54:73.



Dobäi hat de Match guer nët schlecht ugefangen; d’Pikes hunn den éischte Véierel mat 18:13 gewonnen – am zweete Véierel huet Contern dunn awer mat engem heftegen 20:0-Laf geäntwert – d’Spill war no manner wéi 20 Minutte entscheed.

Bei de Pikes hu just d’Cathy Schmit (15 Punkten) an d’Magaly Meynadier (10 Punkten) einigermoosse gudd getraff. D’Amerikanerin Erika Barnes huet nëmme 6 Punkte gemat – hatt huet allerdengs mat enger Foussverletzung gespillt.



D’Pikes-Dammen hunn elo nach zwee Matcher: dëse Sonndeg um 18 Auer zu Hesper géint den Telstar an den nächste Samschdeg um 18.30 Auer zu Briedemes géint den T71 Diddeléng.