305 View(s)
Pikes-Damme si Vize-Champion

Pikes-Damme si Vize-Champion

D’Pikes-Dammen hunn e Samschdeg zu Briedemes déi zweet Finall géint Steesel verluer. No 40 Minutte stoung et 58:88. Domatt hunn d’Amicale-Dammen hire Meeschterschaftstitel verdeedegt – d’Pikes schléissen déi dach net onkomplizéiert Saison 2016/2017 als Vize-Champion of.



Dem Jacques Sitz seng Equipe ass e Samschdeg ganz gutt an de Match komm. No engem ausgeglachenen éischte Véierel (18:18) hunn d’Pikes-Dammen dunn awer de Fuedem verluer. A schonn an der Paus haten déi Steeseler 15 Punkte Virsprong (28:43). Deen hu si an der zweeter Halschent weider ausgebaut.



Déi meeschte Punkte bei de Pikes hunn d’Shay Winton (19), d’Cathy Schmit (18) an d’Akilah Bethel (11) geschoss.