499 View(s)
Pikes Damme verléiere géint Contern (58:66)

Pikes Damme verléiere géint Contern (58:66)

Bis ugangs vum zweete Véierel war e Sonndeg am Match vun de Pikes-Damme géint Contern d’Welt nach an der Reih. Deen éischte Véierel haten d’Pikes mat 18:15 gewonnen – duerno huet Contern awer d’Féierung iwwerholl a bis zum Schluss och nët méi ofginn. No 40 Minute stung et 58:66. D’Pikes-Dammen haten et 30 Minute lang nët méi fäerdech bruet, hir Géignerinnen eeschtlech a Gefohr ze bréngen.



Nees eng Kéier hunn och déi zwou Amerikanerinne vun de Pikes beschtefalls eng suboptimal Leeschtung bruet. D’Erica Barnes huet 11 Punkte geschoss, d’Keyla Woodward der 12. D’Cathy Schmit koum op 16 Punkten, d’Carole Sitz op 11 Punkten.



Hiren nächste Match spillen d’Pikes-Dammen den nächste Samschdeg, 5. Mäerz um 18.30 Auer zu Steesel géint d’Amicale.