945 View(s)
Pikes-Damme verléieren och déi zweet Hallef-Final géint Steesel

Pikes-Damme verléieren och déi zweet Hallef-Final géint Steesel

E bëssen hu sech déi zwou Hallef-Finale geglach. E Freideg an e Sonndeg hunn d’Pikes-Dammen an der éischter Halschent méi oder manner kloer dominéiert a gefouert – fir dann awer zum Schluss de Match dach nach aus der Hand ze ginn. Esou ware si e Sonndeg zu Steesel no zwee Véierelen 31:22 vir an och nom drëtte Véierel stung et nach 42:38 fir d’Pikes.



Am läschte Véierel as dunn awer nët méi vill gangen – d‘Pikes hunn nach 4 Punkte gemat, Steesel as awer op 17 Punkte kommt. No 40 Minutte stung et 55:46 a Steesel hat den Ticket fir d’Final vum Championnat an der Täsch – eis Gléckwënsch.



Et gët mat Sécherheet eng Reih vu Grënn fir des Entwécklung. An deene läschte Wochen an och dese Weekend hunn d’Pikes missen op d’Evelyne Stoll a virun allem op d’Laure Diederich verzichten. Si waren allebéid verletzt an de Kader as doduerch geschmollt wéi de Schnéi an der Sonn.



Déi läscht Matcher hunn awer och gewisen, datt dest Joer just mat enger Auslännerin awer näischt ze huele war. E Sonndeg hunn deene Steeseler hir zwou Amerikanerinnen 46 vu 55 Punkte geschoss. Bei de Pikes koumen d’Lëtzebuergerinnen awer op 29 Punkten. Dest Ongläichgewicht hat schon déi éischt Hallef-Final geprägt.



Fir d’Pikes-Damme geet deemno eng Saison eriwwer, déi och vun enger Zort Generatiounswiessel geprägt war. D’Ausscheeden an der Hallef-Final vum Championnat as grad duefir mat Sécherheet kee Beebroch.



An der zweeter Hallef-Final huet e Sonndeg Contern mat 60:58 géint Ettelbréck gewonnen – do gët et also en drëtten entscheedende Match.