742 View(s)
Pikes-Häre wannen iwwerraschend kloer

Pikes-Häre wannen iwwerraschend kloer

Och wann et de Pikes näischt méi notzt: Gudd huet de Match e Freideg den Owend zu Briedemes awer gedoen. No enger starker zweeter Halschent wannen d’Pikes nämlech mat 106:85. An der Paus stung et 46:54 an et huet ausgesinn wéi wann d’Amicale déi Saach rouheg kéint iwwer d’Bühn bréngen.



De Clancy Rugg huet 30 Punkte gemat, de Jarmar Gulley koum op 27 Punkten. Ausserdem hunn och nach de Laurent Schwartz (15) an de Christophe Donnersbach (13) gudd getraff. Zesummem hu si domatt 13 Punkte méi erzielt wéi d’Amerikaner vun der Amicale. Esou Statistiken haten d’Pikes des Saison nët dacks.



Den nächste Samschdeg, 11. Abrëll 2015 spillen d’Pikes géint Zolver. Fir Zolver kann dat am Hibléck op de Final 4 nach e ganz wichtege Match ginn – je noddems wéi Esch géint Ettelbréck spillt. Et gët also ganz spannend zu Briedemes. Dee Match géint Zolver fänkt um 20.30 Auer un.