1062 View(s)
Pikes-Scolaire verléieren an der Coupe-Finale géint d’Sparta

Pikes-Scolaire verléieren an der Coupe-Finale géint d’Sparta

Trotz dem Super-Wieder waren e Sonndeg de Mëtteg relativ vill Pikes-Fans an d’Coque op de Kierchbirg komm. Do hunn d’Scolaire vun de Pikes nämlech an der Coupe-Finale géint d’Sparta Bartreng gespillt.



Déi Spartas-Equipe war eise Scolairen leider eng Nummer ze stark. An deenen éischte Minute konnten d’Pikes nach mathalen – bis 14:14. Dunn awer sinn d’Jonge vun der Sparta fortgezunn an no 40 Minutte stung et 93:48 fir déi Bartrenger.



Et war trotzdem eng Leeschtung, an d’Finale ze kommen. Gratulatiounen un d'Sparta.



Méi Fotoë kënn Der op der Facebook-Säit vun de Pikes gesinn.