382 View(s)
Pikes-Sparta: Eng kloer Saach

Pikes-Sparta: Eng kloer Saach

D’Sparta Bartreng ass exzellent an déi nei Saison gestart. Trotzdem war de Match vun de Pikes géint d’Sparta dëse Samschdeg, 12. November 2016 eng kloer Saach. Vun der zweeter bis déi läscht Minutt waren d’Pikes vir. Och net emol ee Moment laang ass zu Briedemes an der Hal d’Impressioun opkomm, wéi wann déi Bartrenger dee Match nach kéinten dréien.



Déi Bartrenger hu vill Bäll verluer, se hu sech vill Bäll klaue gelooss an dobäi och nach schlecht getraff. Während d’Pikes zum Beispill 21 vun 28 Zwee-Punkte-Wërf eragemaach hunn, ass dat deene Bartrenger just 16mol gelongen (se hunn awer 39mol probéiert). En ähnlecht Bild gouf et bei den Dräi-Punkte-Wërf: d’Pikes hunn der 12 versenkt, d’Sparta just sechs.



Schonn an der Halschent waren d’Pikes mat 45:33 vir. Obwuel dem Frank Baum seng Spiller et dunn am drëtte Véierel e puer Minutte laang éischter gemälleg weider goe gelooss hunn, ass de Virsprong net geschmolt. Am Géigendeel. De Rescht as séier erzielt. An deene leschte Minutten hunn d’Pikes och hir jonk Spiller agesat an de Match roueg fäerdeg gespillt. 90 Sekonne virum Schluss waren d’Pikes 30 Punkte vir – ausgang ass de Match mat 91:65.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (24 Punkten), de Clancy Rugg (23) an de Jean Kox (19).



Den nächste Sonndeg, 20. November kënnt et dann um 17.15 Auer zu Steesel zum Spëtzematch géint d’Amicale.



Do virdrun ass nach e weidere wichtege Match. E Mëttwoch, 16. November spillen d’Pikes-Hären zu Briedemes an der Coupe géint den T71 Diddeleng. Dese Klassiker fänkt um 20.30 Auer un.