730 View(s)
Pikes verléieren zweet Finale mat 83:86 – Amicale Champion

Pikes verléieren zweet Finale mat 83:86 – Amicale Champion

Et huet nët solle sinn. No enger méi wéi exzellenter Saison verléieren d’Pikes e Samschdeg zu Briedemes déi zweet Finale vum Championnat mat 83:86. Et war bis déi läscht Sekonn extrem spannend an extrem knapps. Domatt as d’Amicale fir d’éischte Kéier no 35 Joer nees eng Kéier Champion.



D’Hal zu Briedemes war e Samschdeg bis op déi läscht, awer wirklech bis op déi allerläscht Plaz gefëllt. D’Ambiance war genial an d’Pikes-Fans hunn nët eng Sekonn de Stëmmungs-Pegel gesenkt. Zum Schluss gouf et "standing ovations" fir de Vize-Champion a fir säin Trainer Frank Baum.



Am – wéi mer elo wëssen – läschte Match vun der Saison hun d’Pikes nët nëmme missen op de Clancy Rugg verzichten. Och de Laurent Schwartz huet misse Forfait erkläeren, nodeems hie séch e Mëttwoch an der éischter Finale géint d’Amicale verletzt hat.



Trotzdem hunn d'Pikes vun Ufank un keen Zweifel dru gelooss, datt si nët wollten Knëppele bei Tromm geheien. Vun der éischter bis déi läscht Minutt hu si gekämpft - a sinn och nees erëm komm, nodeems d'Amicale am drëtte Véierel ronn zeng Punkte vir war.



En exzellente Match huet e Samschdeg de Jean Kox gemat - hien huet 19 Punkte geschoss. Bäschte Scorer war den Jarmar Gulley mat 25 Punkten. Gudd getraff hunn och nach den Tom Welter (12), den Enosch Wolf (9), de Joe Kalmes (9) an de Christophe Donnersbach (7).



Staark Momenter gouf et och nom Match. D'Pikes-Supporteren hun dunn nët nëmmen hir Equipe gefeiert - mee och deen neie Champion, d'Amicale vu Steesel. Fir vill Leit zu Briedemes an der Hal waren de Match an d'Ambiance mat dat schéinst, wat de Lëtzebuerger Basket an deene läschte Joeren ze bidden hat.