587 View(s)
Pikes wannen an der Coupe mat 91:71 géint d’Sparta

Pikes wannen an der Coupe mat 91:71 géint d’Sparta

Dat war wuel en typesche Coupe-Match: Schon déi éischt Minutten e Mëttwoch den Owend zu Briedemes géint d’Sparta Bartreng waren zimmlech nervös – an nervös as et bis zum Schluss weidergangen. A 40 Minutten hunn d’Arbiteren bal 50 Fehler gepaff.



D’Pikes waren an dëser Achtelsfinal vun Ufank u vir, allerdéngs as et hinne lang nët gelong, méi wéi 6 oder 8 Punkte Virsprong erauszespillen. Den Ecart as dunn awer am drëtte Véierel opgang – deen hunn d’Pikes mat 30:17 gewonn a virun deene läschten zeng Minutte stung et 66:47. De läschte Véirel war dunn éischter eng Formsaach.



Bei de Pikes hunn ëmmerhin 9 Spiller Punkte gemat. Vir an der Statistik läit den Jarmar Gulley (28 Punkten), virum Clancy Rugg (20), dem Laurent Schwartz (10) an dem Tom Welter (10). D’Pikes hunn iwwregens 11 Dräier geschoss, d’Sparta der just 6.



An deenen aneren Achtelsfinale gouf et eng grouss Iwweraschung: Bascharage huet kloer géint Zolwer gewonn (103:84). Krämpes hat Steesel fir zu Contern ze wannen an Diddeleng huet sech doheem och lang schwéier gedoë géint Esch.