1003 View(s)
Season Opening: Pikes-Häre verléieren, Damme wannen

Season Opening: Pikes-Häre verléieren, Damme wannen



Am Kader vum Season Opening sinn den 12. September zu Briedemes an der Hal zwee international Frëndschaftsmatcher gespillt ginn. D’Pikes-Hären hu géint Tréier verluer, d’Pikes-Dammen hu géint Wuppertal gewonnen.



HÄREN - Pikes-Tréier: 51:84. Méi grouss, méi breet, méi schwéier: Et war den enorme physeschen Ennerscheed, deen am Match vun de Pikes-Häre géint d’Gladiators Tréier entscheedend war. Déi Tréierer ware vun der éischter bis déi läscht Minutt vir an hate fréih e Virsprong vu ronn 20 Punkten erausgespillt. Just am drëtte Véierel as et et bësse besser fir d’Pikes gelaf – sin hunn dee Véierel mat 13:11 gewonn. Um Verlaf vum Match huet dat awer näischt geännert. No 40 Minutte stung et 51:84.



DAMMEN - Pikes-Wuppertal: 59:56. Ganz séier a ganz lang louchen d’Pikes-Dammen géint Barmer TV Wuppertal mat 10 bis 15 Punkte vir. An der zweeter Halschent as et dunn awer nach eng Kéier spannend ginn. Déi däitsch Meedercher hu sech Punkt fir Punkt erugeschafft. Zum Schluss hunn d’Pikes dese Match am Kader vum Season Opening dach awer mat 59:56 fir sech entscheed.



Méih Fotoë vun deenen zwee Matcher fand Dir op der Facebook-Säit vun de Pikes.