414 View(s)
Ufank spannend – Schluss kloer. Pikes wannen och géint d‘Sparta.

Ufank spannend – Schluss kloer. Pikes wannen och géint d‘Sparta.

Am Playoff bleiwen nach 7 Matcher ze spillen. Nom gewonnene Match dëse Samschdeg géint d’Sparta (86:77) gesäit et fir d’Pikes awer exzellent aus an et as schon elo esou gudd wéi sécher, datt si an de Final Four kommen – wéi gesot, 7 Matcher virum Änn vum Playoff.



E Samschdeg hunn déi ronn 300 Zuschauer zu Briedemes nët onbedéngt deen allerschéinste Basket gesinn. Besonnesch an der éischter Halschecht war nët alles ëmmer ganz reng an et hat een heiansdo den Androck, wéi wann d’Pikes dee Match géingen e bëssen op déi méi licht Schëller huelen. Dat hat awer de Virdeel, datt et lang spannend bliwwen as. An der Paus louchen d’Pikes just mat engem Punkt vir (39:38) – nodeems si am éischte Véierel schon eng Avance vun 10 Punkten haten.



Derbäi koum, datt d’Pikes e Samschdeg hu missen op de Jean Kox verzichten (Entzündung an engem A) an datt virun der Paus och den Jarmar Gulley huet missen op d’Bänk; hien hat an enger ruppeger Aktioun eng erwëscht a seng Nues huet gebludd.



No der Paus as de Pikes-Zuch dunn awer besser an d’Rulle komm. Eng Zäitlang as et nach lues viru gang, mee am läschte Véierel huet d’Sparta dunn den Uschloss verluer. Op eng Kéier waren d’Pikes 16 Punkte vir – de Match war gelaaf, de Final Four war e gudd Stéck méi no komm.



Top-Scorer e Samschdeg war de Clancy Rugg (22 Punkten) virum Jarmar Gulley (21 Punkten) an dem Tom Welter (19 Punkten). An den offizielle Statistiken as awer irgendwou e klenge Fehler: Ee vun deene läschte Kierf huet nämlech de Charel Nesser geschoss.



Nach e Bléck op d’Tabelle: d’Pikes bleiwen zolitt op der drëtter Plaz. Si hu 4 Punkten Avance op dee 4. (Etzella) a 4,5 Punkten op dee 5. (Esch).



Den nächste Match vun de Pikes as e Samschdeg, 27. Februar zu Steesel géint d’Amicale (Ufank 20.30 Auer). D’Pikes-Damme spillen e Sonndeg, 28. Februar um 16 Auer doheem géint Contern.