393 View(s)
Véier Dräier méi oder manner

Véier Dräier méi oder manner

D’Musel Pikes hunn e Samschdeg den Owend zu Briedemes de Playoff-Match géint Diddeleng 69:81 verluer. Den T71 huet de ganze Match eng efficace Defense gespillt an huet virun allem och besser getraff. Déi Diddelenger hu 15 Dräier geschoss, d’Pikes just 11. Reng statistesch maachen déi 12 Punkten och am Endresultat exakt den Ënnerscheed aus.



D’Pikes hate just am Ufank vum drëtte Véierel e puer ganz gutt Minutten. Si hunn dunn net nëmme de Réckstand aus der Paus (40:49) opgeholl, se waren ee Moment och mat véier Punkte vir. Déi Diddelenger hu sech awer net biede gelooss; zum Schluss vum drëtte Véierel stoung et schonn erëm 60:70.



Bescht Scorer bei de Pikes waren den Jarmar Gulley (25 Punkten), de Clancy Rugg (12) an de Laurent Schwartz (10).



PIKES-DAMME LOOSSE WALFER KENG CHANCE



D’Pikes-Dammen hunn e Samschdeg zu Briedemes hire Match géing Walfer mat 69:42 gewonnen. 40 Minute lang haten dem Jacques Sitz seng Spillerinne keng gréisser Problemer, sech géint d’Résidence ze behaapten. Am leschte Véierel souzen d’Amerikanerinne vun de Pikes déi meeschten Zäit op der Bänk.



Déi meeschte Punkten hunn d’Cathy Schmit (17) d‘Akilah Bethel (15) an d’Carole Sitz (11) geschoss. An dësem Match war iwwregens och d’Laura Wilwert nees am Pikes-Kader.

Kurz virum Schluss vun dem Playoff hunn d’Pikes-Dammen deemno eng ganz gutt Ausgangspositioun. Si si weiderhin déi zweet an der Tabelle.



Déi nächst Woch sinn da schonn déi lescht Playoff-Matcher. D’Pikes-Damme spillen e Mëttwoch, 12. Abrëll um 20 Auer zu Contern. De Pikes-Hären hire Match – och géint Contern - fänkt e Samschdeg, 15. Abrëll um 20.30 Auer zu Contern an der Hal un.